[Feu de toiture avec panneaux photovoltaïques à Prettignen] 🇱🇺 Gëschter am Nomëtteg hunn d’Nopere vun engem Haus zu Pretten den CSU-112 alarméiert, wéinst enger Dampentwécklung ënnert dem Daach. No der qualifizéierter Réckmeldung per Funk vun den éischten Asazkräften op der Plaz, déi siichtbar Flamen aus dem Beräich vum Dach confirméiert hunn, sinn direkt zousätzlech Verstäerkungen agesat ginn. D’Schwieregkeet fir d’Pompjeeën huet dora bestan, dass d’Feier sech ënnert dem Dach mat den integréierte Photovoltaikmodulen ausgebreet huet. De Chef de compagnie huet dofir d’Asazplaz an zwee Beräicher agedeelt fir den Daach fräizeleeën, d’Isoléierschicht erofzehuelen an uschléissend d’Hëtztquellen ze eliminéieren. D’Aarbechten si parallel vu baussen a bannen duerchgefouert ginn, fir eng Ausbreedung op de ganzen Dag ze verhënneren an en Opflamen auszeschléissen. Ronn 50 Pompjeeën aus 10 Centres d’incendie et de secours (CIS), ënnerstëtzt vun engem Officier santé esou wéi d’Unitéit Ravitaillement, waren am Asaz. D’Feier war no 2 Stonnen ënner Kontroll a no 4 Stonne komplett geläscht. Et gouf kee Blesséierten. 🇫🇷 Hier en milieu d’après-midi les voisins d’une maison d’habitation à Prettingen ont alerté le CSU-112 d’un dégagement de fumée sous le toit. Suite au retour qualifié par radio des premières équipes sur places confirmant des flammes visibles au niveau de la toiture, des renforts supplémentaires ont directement été engagés. La difficulté rencontrée par les pompiers a été liée au fait que le feu couvait sous des panneaux photovoltaïques intégrés au toit. Le chef de compagnie dépêché sur place a mis en place deux secteurs afin de découvrir la toiture, enlever la couche de matière isolante puis éliminer les sources de chaleur. Les travaux ont été effectués en parallèle depuis l’extérieur et de l’intérieur afin d’éviter une propagation à l’ensemble de la toiture et exclure toute reprise. Une cinquantaine de pompiers issus de 10 centres d’incendie et de secours (CIS), soutenus par un officier santé et l’unité ravitaillement ont été mobilisés. Le feu était déclaré sous contrôle après 2 heures et éteint après 4. Aucun blessé n’est à déplorer.