[Feu d’habitation à Beaufort] 🇱🇺 Gëschter Owend géint 20 Auer sinn d’Pompjeeë wéinst engem Kamäibrand an der Rue du Chateau zu Beefort alertéiert ginn. Wou si ukomm si gouf et eng staark Dampentwécklung ënnert dem ganzen Daachstuhl a schonn e puer Minutten drop stoung den Daach a Flamen. Dank dem parallellen Asaz vu Binômen am Bannenugrëff ënner schwéieren Otemschutz a vun enger Lanz vun der Dréileeder aus war de Brand schnell ënner Kontroll. D'Noläschaarbechten hunn awer nach bis an d'Nuecht gedauert. 30 Pompjeeë waren am Asaz, et ass kee blesséiert gi mee d’Haus ass net mei bewunnbar. D’Rotschléi vun de Pompjeeë fir ee Kamäibrand ze vermeiden: https://gd.lu/2XW0Bh 🇫🇷 Alertés vers 20:00 hier soir dans la rue du chateau à Beaufort pour un feu de cheminée dans une maison unifamilale, les pompiers ont à leur arrivée été confrontés à un feu couvant sous la toiture engendrant un fort dégagement de fumée. En quelques minutes les flammes perçaient la toiture, risquant de se propager à l’intégralité du bâtiment. Une intervention combinée de binômes sous ARI et d’une lance actionnée depuis l’autoechelle a permis de rapidement contrôler le brasier mais les travaux d’extinction se sont prolongés jusque tard dans la nuit. Une trentaine de pompiers a été engagée. Aucun blessé n’est à déplorer, mais la maison n’est plus habitable. Les conseils des pompiers relatifs à l’entretien des cheminées sont disponibles ici: https://gd.lu/2XW0Bh